Eng nei akustesch Show am Science Center Déifferdeng entféiert Visiteuren an d’Welt vun de Kläng. An der Show, déi eng Stonn dauert, kënne si interaktiv entdecken, wéi Téin Schallwellen ausléisen, wéi Kläng moossbar sinn a wéi d’mënschlecht Ouer funktionéiert… D’Showen am Science Center Déifferdeng wierke wéi eng nei Editioun vun der fréier sou bekannte Fernseeshow, der “Knoff-Hoff-Show”. Aussergewéinlech naturwëssenschaftlech Phenomener ginn hei manner verstëbst an op eng méi ënnerhalend an didaktesch Aart a Weis presentéiert.

Och an der neier Klangshow “Toun & Rou” entdecken d’Spectatricen a Spectateuren d’Geheimnisser vun de Schallwellen interaktiv duerch Experimenter. An de Sall fir an déi nei Akustik-Show am Wëssenschaftszentrum zu Déifferdeng kënnt een, andeem een duerch zwou Diere geet. Placken um Plaffong an un de Maueren déi de Schall absorbéieren erënneren un een Tounstudio, an deem Opnamen entstinn: e Sall an engem Sall.

Allez hëpp! Eng Animatrice féiert duerch d’Experimenter a fält mat der Dier an d’Haus: Wéi kënne mir Geräischer mat eisem Kierper maachen? Mat engem Schlauch gi Welle produzéiert, d’Spectatricen a Spectateuren applaudéieren an enger La-Ola-Well. D’Spectatricen a Spectateuren gi kuerzerhand jäizeg Téin vu sech, héich wéi déif Téin, där hir Frequenz an der Unitéit Hertz gemooss gëtt. D’Participante sangen an ënnerschiddlechen Stëmmregësteren… Et ass eng Geleeënheet fir eemol richteg haart an de Mikro ze jäizen!

Mat enger iwwerdimensionaler Stëmmgafel gi Vibratioune visibel gemaach. D’Stëmmgafel gëtt an d’Waasser gedaucht, spéider och en Handy: Et soll een e Lidd auswielen! An eisem Fall ass et ee nervegt Lidd vum Michael Jackson… Esou gëtt kloer: Et brauch ee Loft, fir Téin ze maachen. An et gëtt am Géigenzuch däitlech: Am Vakuum gëtt et kee Schall, well ëmmer een Dréiermedium gebraucht gëtt.

Un enger iwwerdimensionaler Reproduktioun vun enger Ouermuschel erkläert d’Animatrice, datt d’Héierschwelld’Empfanne vun enger bestëmmter Lautstäerkt an d’Grenz vum Wéiempfanne vum Mënsch am Beräich vun 16 – 20.000 Hertz läit. Kloer gëtt den Spectatricen a Spectateuren och: D’Héierverméigen besonnesch am Beräich vun héijen Téin hëlt mam Alter of, mee och duerch d’Belaaschtung vum Gehéier iwwert Joren duerch haart Musek a Kaméidi.

Bei periodesche Signaler geet déi observéiert Frequenz erop oder erof. Dat betrëfft esouwuel Tounhéichten wéi och Modulatiounsfrequenzen, wéi den Wiessel vun den Téin bei enger Sireen un engem Pompjeeswon. Téin schéngen deemno eng Vitess ze hunn.

An nach eent kann ee verroden: zum Schluss gëtt d’Geheimnis gelëft, wéi a wisou ee Musik mat Wäiglieser maache kann! D’Animatrice produzéiert Téin, andeem si mat de Fanger iwwert Glieser fiert an dës zum Vibréiere bréngt… D’akustesch Show “Toun & Rou” am Wëssenschaftszentrum zu Déifferdeng entféiert esou Kleng a Grouss sënnlech an d’Welt vun de Kläng.

Informatioune fir d’Visitten

  • Ëffnungszäiten: De Luxembourg Science Center ass an der Woch all Dag vun 9h bis 12h a vun 13h30 bis 17h op. De Weekend (Samschdes a Sonndes) vun 10h bis 13h a vun 14h bis 18h op.
  • Internetsite:  www.science-center.lu; Telefon: +352 28 83 99 1
  • Entrée: Erwuessener: 12,- Euro; Kanner ab 6 Joer/Senioren/Mënsche mat Beanträchtegungen: 7,- Euro; Kanner ënner 6 Joer gratis.
  • All interaktiv Statiounen gi mat Texter an 5 Sprooche begleet. D’Science Shows a Workshops ginn a 4 Sproochen presentéiert.
  • Wéi vill Zäit muss ee fir d’Visitt vun der Show aplangen? D’Visitt vun der/de Show/en dauert ongeféier eng Stonn.
  • D’Aschreiwung fir d’Showen leeft iwwert den Internet (bis zu 25 Participanten).
  • D’Showen ginn an alle véier Sproochen, op Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch ugebueden an eegnen sech fir Kanner ab 6 Joer.
  • Opgepasst: Wéinst dem limitéierte Contingent an opgrond vun der Covid-19-Pandemie ass et recommandéiert, d’Ticketë schonn am Viraus online ze buchen, well soss den Zougang zum Entdeckungsraum an de Science Shows net ka garantéiert ginn.
  • Adress: 1, rue John Ernest Dolibois, L-4573 Déifferdeng, Lëtzebuerg; (Virun dem Portal 1, der Haaptentrée vum Stolwierk vun der Arcelor-Mittal).
  • De Science Center ass ganz einfach mat der Bunn (CFL) ze erreechen. Mam Zuch (Regionalexpress iwwer Esch/Uelzecht a Richtung Rodange) bis zum Arrêt “Déifferdeng, Gare”, dann iwwert d’Strooss goen a Richtung Auchan an riets laanscht den Auchan “Opkorn”, 50 Meter riichtaus goen.
    Mam Auto aus der Staat Lëtzebuerg iwwert
    d’Collectrice (Autobunn op Rodange); Sortie: Déifferdeng, laanscht d’Stolwierk bis op d’Gare. Parkplazen an 500 Meter Distanz (Nidderkuer).