Filzen ass eng villfälteg Technik vun der Wollveraarbechtung. Passend zu Ouschtere kënnen Ouschterhuesen, faarweg Ouschtereeër, kleng Biller a Villes méi gefilzt ginn. D’Ursula Huppertz hëlleft iech, är Iddien ëmzesetzen. Fir d’Matenaner vu verschidde Generatiounen ze fërderen, gi Generatiouneworkshops ugebueden, déi souwuel fir Kanner als och fir Erwuessener geduecht sinn.

Weider Informatiounen

  • De Workshop fënnt vun 13.00 bis 15.00 statt.
  • Präis: 10 bis 20 Euro.
  • Umeldung: Naturpark Öewersauer (E-mail: info@naturpark-sure.lu, Tel: +352 899331 1)