Den Drock vum Mënsch op Déieren- a Planzepopulatioune féiert zum Zesummebroch vu villen Aarten. Mee d’Loft déi mir ootmen, d’Waasser dat mir drénken an den Déngscht, deen d’Natur eis leescht, si vital. Fir ze hoffen, d’biologesch Kris ze iwwerliewen déi si ausgeléist hunn, mussen ons Gesellschaften also hier Bezéiung zum Liewen nei erfannen. D’Reflexioun ronderëm d’Léisungen ass am Mëttelpunkt vun enger neier temporärer Ausstellung am naturmusée. Dës Ausstellung, déi entwéckelt a produzéiert gouf vum Muséum d’histoire naturelle vun Toulouse, gëtt begleet vun engem ganz räichhaltege Programm vu Konferenzen, Atelieren a Féierungen.

Méi Informatiounen

  • De Musée d’histoire naturelle du Luxembourg ass am Quartier Gronn. D’Ausstellung ass op bis de 16. Abrëll 2023.
  • Méi Informatiounen hei