De “Kulturhuef” zu Gréiwemaacher, dat ass e Musée, e Kino an e Bistro. Hei entstinn awer och lafend nei Konschtwierker, well hei fanne reegelméisseg Workshoppen fir Kanner statt. Jiddefalls gëtt et vill ze entdecken.

Zum Beispill den eenzege Spillkaartemusée an der Groussregioun. Et ass dem Jean Dieudonnée consacréiert, dem Grënner vun enger Dynastie vu Kaartemécher, dee sech 1754 zu Gréiwemaacher néiergelooss huet an haaptsächlech fir den auslännesche Marché produzéiert huet.

Säit Juli 2018 ass hei och déi permanent Ausstellung iwwer de Buchdrock ënnert dem Titel “Gutenberg Revisited” ze gesinn. Dës Ausstellung ass mat dem Label “2018 Année Européenne du patrimoine culturel #EuropeForCulture” ausgezeechent ginn. Eng ganz Rei vu Workshoppen dréien sech ëm den Thema Drock, awer net nëmmen.

Hei fannt Dir dee ganze Programm.

Déi Nomëtteger wou schoulfräi ass, ginn am “Kidslab” Coursen vun 3 Stonnen ofgehale, jee no Thema an Technik fir Kanner vu 4 bis 12 Joer.

Informatiounen fir d’Elteren: 

  • Adress: 54, rte de Trèves, L-6793 Grevenmacher. Tel. +352 267 464 1.Web:www.kulturhuef.lu, Mail: mail@kulturhuef.lu
  • De Musée ass all Dag vun 14.00 bis 18.00 op. Méindes ass en zou.  
  • Urees mam Auto: Autobunn A1 Lëtzebuerg-Tréier, Sortie 14 Mertert-Wasserbëlleg, Richtung Gréiwemaacher, éischte Rond Point an der Entrée vu Gréiwemaacher.  
  • Urees mam Bus aus Richtung Lëtzebuerg/Stad: Linn 130 bis Gréiwemaacher-Gare, Quai 1, Fuerzäit ca. 40 min, all hallef Stonn.  
  • Urees mam Zuch: Garen an der Géigend: Waasserbëlleg (L) a Wellen (D), vu Waasserbëlleg wieder mam Bus, Linn 485, all 10 Minutten. Vu Wellen zu Fouss: ca. 15 Minutten.