Nuets am Musée ass ëmmer eng besonnesch Ambiance, an déi erlieft een a voller Bandbreet zu Lëtzebuerg op der Nuit des musées, déi dëse Samschdeg, 9. Oktober vu 17:00 bis 01:00 Auer ass.  20 Joer kritt d’Nuit des musées, an gefeiert gëtt an de 7 Muséeën, also an der Villa Vauban, am Casino, am Lëtzebuerg City Museum, am Nationalmusée, am Naturmusée , dem Musée 3 Eechelen an am MUDAM.  Extra Visitt guidée’en, Musek, Performance, Atelier’en, kulinaresch Iwwerraschungen an eng Nuit Blanche erwaarden di kleng an di grouss Nuetseilen  op der Museumsmile.

D’Nuit des musées ass en Covid Check Event, den Detail kann een op der Internetsäit noliesen.

Um 17.30 an 19.30  sinn am Naturmusée fir Kanner Liesunge mat der Schrëftstellerin Isabelle Marinov, am Casino an der Ënneschtgaass si Liesunge mat der Auteure Marie-Isabelle Callier, op Franséisch, Englesch an Däitsch.

Donieft fënnt een am Programm vun der Nuit des musées och fir Kanner Atelier’en mat Mosaik, enger Schatzkëscht, an een Zeechenatelier.  Am Einfachste kuckt ee sech de Programm un ier ee mat der Navette vu Musée zu Musée fiehrt an sech vun der besonnescher Atmosphär op der Nuit des Musées begeeschtere léisst.

Wéini a wou? Samsdeg, 9. Oktober, an de 7 Stater Muséen  

Fir wien: jiddereen dee Loscht huet Kultur, Patrimoine a Geschicht ze entdecken  Wat kascht et:   Prévente: Erwuessener 10 Euro, Jugendlecher bis 26 Joer 3 Euro, mam Kulturpass 1,50 Euro. Jonker bis 16 Joer komme gratis eran.  

Oweskeess: Erwuessener 15 Euro, Jugendlech bis 16 Joer  7 Euro, mam Kulturpass 1,50 Euro. Jonker bis 16 Joer komme gratis eran.   

Et fueren Navetten, den Detail dovu grad wie all aner wëssenswäert Informatioun fënnt een op der Säit www.nuit-des-musees.lu