D’Frënn vun der Festungsgeschicht – FFGL invitéieren op en Spadséiergang duerch d’Kasematten. Grouss a kleng Entdecker kënne mat Fotoapparat an Täscheluucht déi verschidden Deeler vum Park iwwert an ënnert dem Buedem entdecken. Bei dëser Féierung fillt ee sech, wéi wann een e Sprong zeréck an der Zäit gemaach hätt!

Méi Informatiounen

  • Den 29. Abrëll 2022 vun 14.45 bis 17.00. Treffpunkt: Am Stater Park beim Monument Amélie (Sprangbuer): Avenue Amélie L-2449 Lëtzebuerg.
  • D’Participatioun kascht 5 Euro. D’Féierung gëtt op Lëtzebuergesch gemaach.
  • Umelle kann ee sech bis den 28. Abrëll 2022. Kontakt: Patrick Schaul, Telefon: +352 621 18 66 76, Mail: p.schaul@ffgl.lu.
  • Weider Informatioune fannt Dir hei.