D’Cité Bibliothèque vun der Stad Lëtzebuerg proposéiert all Samschdes Moies vun 10.30 bis 11.30 vum 16. Juli bis den 13. August e Geschichtenatelier am Park vun der Villa Vauban. Den Atelier riicht sech u Kanner vu 4 bis 8 Joer. De Grupp geet zesumme vun der Cité Bibliothèque bis bei d’Villa Vauban um 10.30. Méi Informatiounen D’Eltere si gebieden, hir Kanner um 11.30 bei der Villa Vauban ofzehuelen.
Méi Informatiounen
- Infoe an Aschreiwung : tuffi@vdl.lu
- Bei schlechtem Wieder oder décker Hëtzt fënnt den Atelier am Animatiounssall vun der Cité Bibliothèque statt.
- Adress vun der Cité Bibliothèque: 3, rue Genistre. L-1623 Luxembourg.