Wéi war dat fréier, wéi et nach net vill Maschinne gouf an d’Leit selwer fir hiert Iessen hu misse suergen? Dat kann een am Musée Thillenvogtei zu Randschelt – der klengster Uertschaft vu Lëtzebuerg – entdecken. De Musée, den an engem fréiere Bauerenhaff ënnerbruecht ass, bitt och vill Aktivitéite fir Kanner. Sou kënne Kanner (ab dem Cycle 1) a Gruppe bis zu 50 tëschent dem 29. August an dem 28. Oktober beim Gromperen- an Äppel-Karschnatz matmaachen. Natierlech ginn d’Gromperen an der Thillenvogtei dann zesummen zu leckere Gromperekichelcher verschafft an aus den Äppel gëtt gudde Viz gemaach.

Weider Informatiounen

  • D’Aktivitéiten daueren all Kéiers en hallwen Dag. Umeldung an Infoe: thillenvogtei@gmail.com.
  • Wann Dir an der Thillenvogtei laanscht kucke wëllt kommen: Bis den 8. September ass de Musée, den och e klenge Shop an eng Kaffisstuff huet, all Donneschdes vun 10.00 bis 18.00 op.
  • Déi aktuellsten Informatiounen fannt Dir op www.thillenvogtei.lu an op der Facebook-Säit vum Musée.