No zwee Joer Paus wéinst der Pandemie organiséiert Useldeng erëm säi grousst Mëttelalterfest an a ronderëm déi imposant Buerg aus dem 12. Joerhonnert am Zentrum vum Duerf. Déi 15. Editioun vum Fest, dat iwwert d’Grenze vu Lëtzebuerg ewech bekannt ass, geet Samschdes, den 11. Juni vun 11.00 bis 1.00 a Sonndes, den 12. Juni vun 10.00 bis 19.00 iwwer d’Bün. Eng Rei vun Animatiounen erwaarden d’Visiteuren. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech beschtens gesuergt.

Weider Informatiounen