Fir d’éischt Kéier dëst Joer bitt de Schifermusée zu Maartel den 30. an 31. Oktober de Weekend “Grujeleg Leekoll” un, bei dem Dir déi däischter Säiten vum der Schiferindustrie an de Schiferaarbechter kënnt kenneléieren. Et geet ee Kannerprogramm (samschdes 14:00 bis 17:00 a sonndes ab 10:30) an e Programm fir Familljen oder Erwuessener (samschdes 17:00 bis 19:00 a sonndes 14:00 bis 19:00).

Zousätzlech Informatiounen

  • Adress: Musée de l’Ardoise, Haut-Martelange – (+352) 23 640 141 
  • Opgepasst: d’Plaze si limitéiert, denkt also drun, online ze reservéieren.
  • D’Animatioune sinn op Lëtzebuergesch.