Kürbissen, Gespenster a Spannennetzer: op Halloween organiséiert neimënster e Weekend vun der oppener Dir mat ville Gratis-Aktivitéiten, Kreativ-Workshops, Ausstellungen a Concerten. Och fir Kanner ass eppes dobäi, virun allem den 31. Oktober. Da kann ee sech nämlech grujeleg Gesiichter opmole loossen, et kann ee Kürbisse schnëtzen, déi fierchterlech ausgesinn a lecker-grauseleg Kichelcher baken. Ganz speziell sinn och d’”Spooky Sounds”-Atelieren op Halloween um 14.00 an um 16.00. Hei weist iech de belsche Museker Rémi Decker wéi Soundeffekter fir Animatiounsfilmer gemaach ginn. Am neimënster ginn et natierlech och Leckereie fir d’Ouer a fir de Mo.  

Weider Informatiounen 

  • Adress: Abtei Neimënster, Lëtzebuerg-Gronn.
  • Dohi kënnt ee bequeem mam ëffentlechen Transport (Buslinnen 14, 20 an 23). Mam Lift kënnt ee schnell aus der Uewerstad vum Helleg-Geescht-Plateau erof an de Gronn. Wee mam Auto ënnerwee ass, kann de Parking “Brasserie” benotzen. Vun do aus sinn et just e puer Minutten zu Fouss bis an d’Abtei.  
  • Den Zougang zu de Spektakelen ass fräi esou laang wéi Plaz ass.  
  • Fir de Workshop “Spooky Sounds” muss een allerdéngs am Viraus reservéieren: billetterie@neimenster.lu
  • De ganze Programm zum Halloween-Weekend fënnt een hei.