Wee scho mol an der Summervakanz an der Provence war, dee kennt d’Kraaft an déi moleresche Schéinheet vun der Natur… D’Villa Vauban ass e Konschtmusée, dee Sammlungen vun alen an zäitgenëssesche Konschtwierker (Molerei, Skulptur, Fotografie, 17. bis 21. Joerhonnert) zesumme bréngt.
D’Ausstellungen déi hei gewise ginn, ginn aus dem Bestand vun der Stad Lëtzebuerg zesumme gestallt, dem seng Schwéierpunkten op der hollännescher Molerei vum “Gëllenen Zäitalter” an der franséischer Landschafts- an Historiemolerei vum 19. Joerhonnert leien. Tableauen, Skulpturen a Grafiken vun europäesche Kënschtler vum 17. bis 19. Joerhonnert ergänzen de Bestand. Zanter dem 1. Juni ass d’Villa Vauban erëm op a lackelt mat enger neier Dauerausstellung…
Nei Dauerausstellung entdecken: E Spadséiergank duerch d’Konscht – Europäesch Molerei a Skulptur, 17. bis 19. Joerhonnert
Déi nei Dauerausstellung an der Villa Vauban hëlt déi kleng a grouss Visiteuren mat op eng Rees duerch dräi Joerhonnerten vu Konscht: vum hollänneschen 17. Joerhonnert iwwer déi verdreemten Plazen an Italien bis zur franséischer Molerei vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert.
Nieft de Stiler an den Epochen mat ville Meeschterwierker weist déi Ausstellung och Klengformater a Miniaturen souwéi e spektakuläre Raum, den Acquisitioune vum Jean-Pierre Pescatore, Stëfter a Wueltäter vun der Stad, bei der Auktioun vu Wierker aus dem Besëtz vum Kinnek Wëllem den II. Vun Holland am Joer 1850 dediéiert ass. Déi grouss Villfalt un Themen a kënschtleresche Stiler gëtt bei der Entrée an engem Video gewisen. Eng immersiv Videoprojektioun um Ufank vum Tour versetzt d’Visiteuren an d’Stëmmung vun der Wierker a féiert duerch d’Konschtsammlung.
“Hëllefs-Fuedem”
Kommt a gitt dem “Hëllefs-Fuedem” no, deen Iech duerch d’Ausstellung „Ein Spaziergang durch die Kunst. Europäische Gemälde und Skulpturen, vom 17.-19. Jahrhundert“ begleet. Entdeckt d’Geschichten an déi magesch Welten ronderëm d’Tableauen an d’Skulpturen! Den “Hëllefs-Fuedem“ ass eng kënschtleresch Aarbecht vum Kollektiv DADOFONIC, eng inklusiivt Kënschtlerkollektiv.
Villa creativa!
All leschte Sonndeg vum Mount mécht d’Villa Vauban hiren Ateliersberäich fir Familljen op. Zesumme mat de Mediateuren kënnen Elteren a Kanner eng Hellewull vu Materialien an Do-it-yourself-Techniken entdecken – ouni dass der Kreativitéit Grenze gesat sinn. Si kënne je no Loscht kommen a goen, op d’Ënnerstëtzung vun de Mediateuren zréckgräifen oder sech un d’Bastele maachen. Dauer vun der Veranstaltung: Vu 14.00 bis 17.00 (jee 1 Stonn). Nächst Rendezvousen: 27. Juni, 25. Juli & 29. August, all Kéiers um 14.00.
D’Villa-Vauban-App
Pénktlech zum Start vun der neier Dauerausstellung ass di nei App “Villa Vauban” disponibel a kann aus dem Apple Store erofgeluede ginn oder aus dem Google Playstore. Ween den eegene Smartphone net gebrauche well, kritt am Musée en Apparat ausgeléint. Ofhängeg vun den Interessien a Bedierfnesser vun den eenzele Visiteuren kann den Tool als Guide fir en Tour duerch de Musée déngen. Et huet een d’Wiel tëschent ënnerschiddlechen Touren, zum Beispill fir Familljen, Konschtamateuren oder Visiteuren mat vill oder manner vill Zäit… Den Tool ass an dräi Sproochen (Franséisch, Däitsch, Englesch) disponibel a kann och ausserhalb vum Musée agesat ginn. D’Notzung ass gratis.
“Walk the art”
Bei dëser Féierung kënne Konschtwierker entdeckt ginn, déi speziell fir den ëffentleche Raum geschafe goufen. Déi meescht vun den existenten Monumenter sinn zu Lëtzebuerg tëscht der Mëtt vum 19. Joerhonnert an de fréien 2000er Joren opgeriicht ginn. Eréischt an den 1990er Joren ass d’Konscht exklusiv fir den ëffentleche Raum geschaf, dat heescht Konschtwierker sinn eleng wéinst hirem ästhetesche Wäert an de Stadraum gestallt, ouni eng Erënnerungskultur ze fleegen. D’Reservatioun ass recommandéiert fir dass een effektiv un der Tour deelhuele kann. Nächst Daten: 20.06. (FR), 18.07. (FR), 01.08. (EN), 29.08. (LU). Zäit: 10.30. Treffpunkt ass um Knuedler (Place Guillaume II) virum Stadhaus. „Villa Plage 2021“ (17.07. – 12.09.) An de Summerméint fannen am Park vun der Villa Vauban verschidden Aktivitéite statt. Den aktuelle Programm ass op der Websäit www.villavauban.lu. D’Participatioun ass gratis.
Entdeckt den Edouard an de Mil am “Lëtzebuerg City youseum”!
Op sengem YouTube-Kanal “Lëtzebuerg City Youseum” huet de Musée just eréischt seng éischt Serie “E staarkt Stéck” gestart, déi Objeten aus senge Kollektiounen dediéiert sinn. An all Episod besicht e liicht granzege Pensionär (gespillt vum Will Aust) op humorvoll Aart a Weis eng Plaz an der Stad, fir duerch en Objet d’Geschicht vun der Plaz ze entdecken. All Kéiers ass den Objet enk mat der Plaz verbonnen, op der sich de Will befënnt, an déi zwee Maskottercher vun den 2 Stadmuséeën, den Hond Mil an de Vull Edouard decken all Geheimnisser op.
Informatiounen fir d’Elteren
- Adress: 18, avenue Émile Reuter, L-2420 Luxembourg, Web-Säit: www.villavauban.lu
- Umellunge fir Féierungen an Events: +352 4796 4900 oder visites@2musees.vdl.lu
- Wéi kommen ech dohin? Vel’oh: Station N° 16 – AMELIE, N° 11 – WINSTON CHURCHILL
- Parking: Parking Monterey
- Ëffentlechen Transport: Gare bis Villa Vauban: Bus N° 21, 22, 28, 31, Arrêt: Place de l’Étoile
- Entréespräisser Erwuessener: 5 €; Fräien Entrée: all Freides vun 18.00 bis 21.00; Jonk Leit ënner 21, Studenten ënner 26 (mat Studentekaart), Jonk Leit vun 21 bis 26 Joer (ouni Studentepass); Besëtzer vun der Carte Jeunes, Persounen iwwer 60 Jahren, Mënsche mat enger Behënnerung; Besëtzer vu muséeskaart, LuxembourgCard, Amis des Musées Luxembourg, ICOM, Kulturpass, Presse.
- Gruppeféierungen: Grupp ab 10 Persounen: 3 € pro Persoun, Féierung: 100 €, Gruppeféierunge fir Mënsche mat enger Behënnerung: Fräien Entrée, Féierung: 100 €