Iwwer 400 Joer al ass d’”Possenhaus” zu Bech-Klengmaacher. Hei hu Generatioune vu Wënzer gelieft. Haut ass dat historescht Gebai net just Deel vun engem säit 1967 oppene Musée, an dem een op ronn 1.200 m2 d’Liewe vun de Wënzer ronderëm d’Joer 1900 novollzéie kann, mee hei fannen och reegelméisseg Workshops fir Kanner an Erwuessener, Ausstellungen a musikalesch Owender statt. Hei gëtt et och e Spillsaachemusée an eng Wäistuff, an der ee lokal Menüen a Wäiner genéisse kann. An “A Possen” kann een esouguer e flotte Kannergebuertsdag feieren.
Informatiounen fir d’Elteren:
- De Musée “A Possen” fënnt een zu Bech-Kleinmacher, 2, Keeseschgässel, L5405. Telefon: +35223697353, E-Mail: info@musee-possen.lu. Web: www.musee-possen.lu
- En ass vun dënschdes bis sonndes vun 10.00-18.00 tëscht Ouschteren an dem 31. Oktober op. Vum 3. November un bis Ouschteren huet et just vu freides bis sonndes op. Am Januar a Februar ass et ganz zou.
- Fir Erwuessener kascht d’Entrée 5 Euro. Fir Kanner ass se gratis. De Programm mat de Workshops fir Kanner fannt Dir hei.
- D’Workshops daueren an der Reegel 3 Stonnen a kaschten 20 Euro pro Kand. D’Zuel vun de Participanten ass wéinst Covid-19 momentan op 8 begrenzt.
- D’Websäit vun der Wäistuff: www.waistuffapossen.lu
- Dat pittoreskt Dierfchen Bech-Klengmaacher, dat fënnef Minutten mam Auto vu Réimech ewech läit erreecht een am beschte mam Bus: RGTR N° 185 ou N° 175.