Eng ganz exotesch Destinatioun ass de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher.

Den 1. Abrëll mécht de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher nees seng Dieren op. Hei fannt dir op 600 m2 en tropescht Paradäis mat Päiperleken aus der ganzer Welt. 30 bis 40 verschidden Zorten fléie fräi an der Hal, wou konstant eng Temperatur vun 28 Grad Celsius an eng Loftfiichtegkeet vu 70 bis 80 Prozent ass. Grad esou faarweg wéi d’Päiperleke sinn d’Planzen an der Hal, wou een och aner Déiere fënnt: Chameleonen zum Beispill, Schildkröten mee och verschidde Vullen a Beien.

Informatiounen fir d’Elteren

De Päiperleksgaart ass vum 1. Abrëll bis 31. Oktober op, all Dag vun 9.00 bis 17.00.

Wichteg ass, dass ee virun der Visitt seng Ticketen op www.papillons.lu reservéiert, wëll d’Zuel vun de Leit, déi däerfen zur gläicher Zäit an der Hal sinn, ass limitéiert.

D’Entrée kascht 6 Euro fir Kanner bis 12 a 9 Euro fir all méi al Persoun.

De Päiperleksgaart huet och eng Librairie mat Bicher zum Gaart awer och aktuell Titelen aus alle Beräicher. Leider kënnen wéinst de Covid-19-Restriktioune keng Spezialevenementer wéi Gebuertsdagsfeieren organiséiert ginn.