Nouspelt war fréier iwwer d’Grenzen eraus fir seng Poteriekonscht bekannt. Tëschent 1458 an 1914 sinn hei aus Terrakotta vill Gebrauchsgéigestänn fir den Haushalt hiergestallt ginn. Besonnesch beléift bei de Kanner waren déi aus Toun gebrannte Keramikpäifen a Form vun engem Vull, “Péckvillchen” genannt. Den Atelier vum leschten Aulebäcker vun Nouspelt ass en e Musée ëmgewandelt ginn, an deem een eng flott Ausstellung iwwert al Keramikkonscht fënnt. Hei stinn och nach déi al Aulebäckerscheif an den Uewen aus dem Joer 1870. E begeeschterten Hobby-Aulebäcker weist, wéi ee “Péckvillercher” mécht. Dono kënnen d’Kanner da selwer mat upaken.

Informatioune fir d’Elteren

  • De Workshop fënnt all Donneschden bis den 9. September vu 15.00 bis 16.30 statt.
  • En eegent sech fir Kanner ab 8 Joer, a Begleedung vun engem Erwuessenen.
  • D’Participatioun kascht 10 Euro.
  • Treffpunkt ass de Musée de la Poterie, 3, rue des Potiers, L-8391 Nospelt.
  • Kontaktinformatiounen fir dëst Event: Telefon:+352 28 22 78 62 E-mail:info@visitguttland.lu