Fréier ass just eng Strooss duerch d’Uertschaft gaangen. Haut ass Schengen an Europa e Synonym fir oppe Grenzen a Reesfräiheet. Well säit dem Akraafttrieden vum Europäeschen Ofkommes, dat de 14. Juni 1985 um Muselschëff Marie-Astrid ënnerschriwwe gouf, ginn et an Europa oppe Grenzen. Op der Europa-Promenade, direkt beim Ufer, wou d’Fändelen vun den EU-Memberlänner fléien a Stäre fir all EU-Land a Stee gemeesselt sinn, kann een déi historesch Etappen oflafen. Mee fréier louch Schengen an engem Niemandsland. Eréischt mat der Ënnerzeechnung vum Schengener Ofkommes ass d’Duerf an der Mëtt vun den 1980er Joren weltberüümt ginn.
D’Schengener Koch-Haus staamt nach aus dem 18 Joerhonnert. Ursprénglech sollt dat barockt Haus op der Place de l’Europe d’Zentrum vu Schengen sinn, haut ass et am Besëtz vun der Gemeng. Do fënnt een och e Faksimile vum Schengen-Ofkommes an eng Foto-Galerie mat Portraiten vu prominente Politiker. Den Helmut Kohl, de José Manuel Barroso, mee och EU-Géigner, wéi d’Rietspopulistin Marine Le Pen hunn déi symbolträchteg Plaz besicht. War d’Gemeng Rëmerschen Ufanks den 1970er Joren nach als Zankapfel an de Schlagzeilen, wëll hei ee vun de gréissten Atomkraaftwierker vun Europa entstoe sollt an Atomkraaftgéigner hei protestéiert huet, sou steet déi 2011 aus der Fusioun vun de Gemengen Rëmerschen, Welleschten an Biermereng ervir gaange Wäibaugemeng Schengen am Dräilännereck (Däitschland – Frankräich – Lëtzebuerg) haut symbolesch fir en Europa vun den oppene Grenzen.
Just déi verloosse Douaneshaisercher un de Grenzen stinn nach fir eng Zäit, wou et nach Grenzkontrolle gouf. De 14. Juni 1985 ass um Muselschëff Marie-Astrid vum Robert Goebbels, deemools lëtzebuergesche Staatssekretär fir Baussebezéiungen a senge Kolleegen aus Frankräich, Däitschland, der Belsch an Holland d’Schengener Ofkommes ënnerschriwwen. D’Grenzkontrollen sinn allerdéngs eréischt 1995 ewech gefall. 2004 ass d’Schengen asbl gegrënnt ginn fir d’touristesch Erschléissung vu Schengen. Hire Sëtz ass dat U-Boot-aartegt Gebai, de sougenannte “Ponton” – e Gebai, dat op der Musel schwëmmt, direkt vis-à-vis vum Musée. Zum 25. Joresdag vum Schengener Ofkommes gouf de Schengen-Musée gebaut, an dem Kanner an Erwuessener d’Geschicht op 200 m2 interaktiv entdecke kënnen.
Zanter dësem Summer gëtt et och eng nei begleedend Broschür. “Schengen am Klengen” ass gëeegent fir Kanner ab 6 Joer. An der Broschür fënnt een eng ganz Rei Quizzen a Rätselen ronderëm de Schengen-Raum a si ass an einfacher Sprooch geschriwwen. Hei kënnen d’Kanner d’Geschicht vu Schengen spilleresch erfuerschen an erausfannen, wat et mat der Geschicht vu Schengen op sech huet, wat Grenzen a Reespäss sinn a firwat Schengen als Wéi vun Europa gëllt. D’Broschür (op Däitsch) kann iwwer d’Websäit www.visitschengen.lu bestallt ginn.
Informatiounen fir d’Elteren
- Adress: Centre Européen Schengen a.s.b.l., 6, rue Robert Goebbels, L-5444 Schengen. Websäit: www.visitschengen.lu. Telefon: +352 26 66 58 10
- Ëffnungszäite vum Musée: all Dag 10:00- 18:00 Uhr. Fräien Entrée; de Musée ass barrièrefräi.
- Fir eng besser Organisatioun gi Gruppen, déi de Musée besiche wëllen, gebieden, sech per Email: info@schengenasbl.lu unzemellen. Fir sécher ze goen, dass dee Musée och accessibel ass.
- Tourist Info: Tél.: +352 23 60 93 11. Email:info@schengenasbl.lu
- Wéi kommen ech dohin? CFL (ab Gare Centrale Lëtzebuerg): mam Bus 28 an 315 oder mam Tram vun der Gare bis op de Kierchbierg, Luxexpo, a da mam Bus 140 ab Kierchbierg-Gare Routière.