De “Schuppi”, d’Maskottchen vum Schifermusée zu Maartel invitéiert d’Familljen op seng “Workshop Saturdays”. Dat ass d’Geleeënheet, all Samschdeg (mat Ausnam vum 2. Juli), de Musée a säin Ënnergrond ze entdecken. Tatsächlech geet et bis 15 Meter erof ënner de Buedem. Wärend enger adaptéierter Visitt entdecken d’Besicher d’Handwierk vum Leekäppert a schloen och hier eege Lee. Déi gëtt dann no enger spezifescher Technik dekoréiert, déi de “Schuppi” auswielt: Gravure, Dots oder Airbrush. An de “Schuppi” bréngt och flott Iwwerraschunge mat. Den nächste “Workshop Saturdays” ass fir den 21. Mee virgesinn.
Méi Informatiounen
- D’Atelieren sinn accessibel fir Kanner ab 4 Joer an op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch jee no Demande.
- Ufank vun den Atelieren: 10.00, Schluss 12.00. D’Reservatioun ass obligatoresch: +352 23 640 141 – info@ardoise.lu
- Méi Infoen iwwer de Musée: www.ardoise.lu Wichteg: bréngt déck Schong an en Jackett mat fir de Besuch vun der Minn.