De Schifermusée zu Maartel start den éischte Juli-Weekend sou richteg an d’Summersaison. Ab dann ass et ëmmer samschdes vun 14.00 bis 18.00 op, a sonndes vun 10.00 bis 18.00. De 27. Juni organiséieren d’”Frënn vun der Lee” iwwregens e Spezialprogramm. Fir hei deelzehuelen ass eng Reservatioun obligatoresch.

D’Entrée op de Site ass Gratis an Informatiounen zu de verschidde Gebaier leien aus. Doriwwer eraus kënnen d’Visiteuren den Terrain duerch I-Beacons entdecken, eng Aart a Weis de Muséesareal digital an analog ze entdecken. D’Entrée an d’Anlagen kascht allerdéngs eppes. Et fannen och eng Hellewull vu Workshops a geféierte Visitte statt, déi d’Welt vum Schifer an de Schiferaarbechter op spilleresch Aart a Weis fir Grouss a Kleng erklären.

Hei sinn d’Workshops an d’Féierungen, déi tëschent dem 19. Juli an dem 12. September stattfannen. Dënschdes gëtt et ëmmer vu 14.30 bis 16.30 d’”Schuppi’s Family Tour” – de “Schuppi” ass de Maskottchen vum Schifermusée. Mëttwochs gëtt et de “Schuppi’s Family Day” (mat Mëttegiessen) vun 10.00 bis 15.00; vu 15.00 bis 17.30 steet eng geféiert Visitt um Programm. Donneschdes fënnt de Workshop Dots.Schiefer statt. Freides heescht et erëm: “Schuppi’s Family Tour” vun 10.00 bis 12.00 a vum 14.30 bis 16.30 Airbrush am Schifermusée. De Samschdeg gesäit esou aus: “Schuppi’s Family Tour” vun 10.00 bis 12.00 a vu 14.30 bis 16.30 an um 15.30 a 17.00 jeeweils eng 30 Minutte laang Visitt vun der Grouf. Sonndes steet vu 15.00 bis 17.30 eng geféiert Visitt vum Musée um Programm a jeeweils eng Visitt vun der Grouf (30 Minutten) um 11.00, 15.30 a 17.00.

Informatiounen fir d’Elteren

  • Adress: Maison 3, L-8823 Haut-Martelange. Dat läit direkt un der belscher Grenz. Telefon: 352 23 64 01 41. E-Mail:info@ardoise.lu. Web: www.ardoise.lu.
  • All Workshops a Féierung muss spéitstens 24 Stonnen am Viraus reservéiert ginn, d’Plaze si limitéiert. D’Präisser variéieren jee no Workshop. De Schifermusée kann awer och op Nofro individuell Visitten, Workshoppen an aner Events, wéi zum Beispill Kannergebuertsdeeg, organiséieren.
  • Fest Schong an eng waarm Jackett gi recommandéiert, virun allem wann et erof geet an d’Minn, déi bis zu 15 Meter déif läit. Hei ass dat ganzt Joer iwwer eng konstant Temperatur vun 9 Grad Celsius.