Et ass eent vun de bekanntsten Ausfluchziler zu Lëtzebuerg: Veianen mat sengem beandrockende Schlass, dat tëscht dem 11. an dem 14. Joerhonnert op de Fëllementer vu réimeschen a karolingeschen Befestegungen entstan ass an am Laf vun de Joerhonnerten zu enger vun de gréissten a schéinste feudale Residenzen vun der romanescher a gotescher Zäit ausgebaut ginn ass. Am 19. Joerhonnert ass d’Schlass allerdéngs verfall.

Nodeems d’Buerg 1977 a Staatsbesëtz iwwergaangen ass, ass si entspriechend hirer fréierer Pracht restauréiert ginn an zielt haut zu de bedeitendsten Baudenkmaler an Europa. Hei fannen och reegelméisseg kulturell Evenementer statt wéi Concerten oder Ausstellungen. Sou si vum 8. bis den 31. Mee déi bescht Wierker vum 14. Internationale Karikatur-/Cartoon-Concours ausgestallt. Dëst Joer hu sech Kënschtler aus aller Welt um Concours mam Thema Kënschtlech Intelligenz (KI) bedeelegt.

Zu Veianen fënnt een och déi eenzeg Seelbunn zu Lëtzebuerg. Den 2006 komplett restauréierte Sesselllift fiert aus dem 220 Meter héich geleeënen Dall op eng Héicht vu 440 Meter. Vun do aus profitéiert een vun engem wonnerschéine Panoramabléck iwwer déi ganz Stad, inklusiv dem Schlass an dem Staudamm.

Déi ganz Géigend ëm Veianen a besonnesch den Ourdall sinn e Paradäis fir Wanderer. Alles an allem duerchzéie ronn 150 Kilometer Wanderweeër d’Regioun. Hei sinn och usprochsvoll Mountain-Bike-Strecken ze fannen.

Immens beléift sinn och d’Schwämm an de Kloterpark. D’Schwämm gëtt awer momentan renovéiert an ass dëst Joer zou.

Informatiounen fir d’Elteren:

  • D’Ëffnungszäiten vum Schlass a vun der Karikaturen-Ausstellung si vun 10.00 bis 18.00.
  • De Sessellift fiert ab Ouschteren vun 10.00 bis 18.00 (bis 17.00 am Mount Oktober). An de Wanterméint ass en zou.
  • Méi Informatiounen fënnt een op der Websäit vun der Gemeng Veianen, Rubrik Tourismus:  www.vianden.lu an op www.naturpark-our.lu