Mat engem Roboter Kicker spillen, Stol bannent Sekonnen zum Schmelze bréngen oder un engem wëssenschaftleche Kach-Workshop deelhuelen… De Science Center zu Déifferdeng dréit ëm d’Wëssenschaften an Technologie, déi Kanner a Familljen op iwwer 75 Statioune spilleresch entdecke kënnen.

Wee schon ëmmer dervu gedreemnt huet, Ingenieur oder Fuerscher ze ginn, iirgendwann am All ze schwiewen oder Roboter selwer ze programméieren, dee kann déi éischt Schrëtt dohinner am Science Center zu Déifferdeng léieren. Opgebaut gouf de Science Center ronderëm d’”Groussgasmaschinn”, dee gréisste Verbrennungsmotor vun der Welt. Dëst technologescht Wonnerwierk stoung am Häerz vun der Lëtzebuerger Stolindustrie, zu Déifferdeng. An der fréier Léierbud vis-à-vis vum Stolwierk, wo fréier éi bescht Techniker fir d’Stolindustrie am Süde vum Land ausgebild goufen, kënne Kanner haut spilleresch Kontakt mat Wëssenschaft an Technik ophuelen a probéieren, op Beruffer an denee Beräicher eppes fir si sinn. Am Science Center ginn et 75 interaktiv Experimentéier-Statiounen, wou ee selwer Experimenter ka maachen an zum Beispill e Roboter programméiere kann. Fir Schoulklassen ginn et ausserdem spektakulär “Science Shows” (hei si just maximal 10 Persoune pro Show erlabt) an all Dag Workshoppen.

Informatiounen fir d’Elteren :

  • Wéi kënnt een dohin? Dohinner kënnt ee mat den CFL (Regionalexpress iwwer Esch/Uelzecht a Richtung Rodange) bis zum Arrêt “Déifferdeng-Gare”, dono d’Strooss a Richtung Auchan iwwerquieren a rechts vum Centre Commercial “Opkorn” laanscht gon. Mam Auto kënnt een aus Richtung Stad iwwer d’Collectrice du Sud (Ausfart Déifferdéng) dohinner. Et gi Parkplazen an der Géigend.
  • De Science Center ass an der Woch all Dag vun 9.00 bis 12.00 a vun 13.30 bis 17.00 op a Samsdes a Sonndes von 10.00 bis 13.00 a vu 14.00 bis 18.00.
  • D’Entrée kascht 12 Euro fir Erwuessener a 7 Euro fir Kanner ab 6 Joer a Mënsche mat Behënnerungen a Senioren. D’Entrée fir Kanner ënner 6 Joer ass fräi.
  • Et gëtt recommandéiert, fir d’Entréesbilljeeën am Viirfeld online ze bestellen, soss kann net garantéiert ginn, dass een an den Experimentéierraum erakënnt an d’Science Shows ka kucken.

Mat der Show dauert d’Visite tëschent 2,5 an 3 Stonnen.

www.science-center.lu

Telefon: +352 28 83 99 1

1, rue John Ernest Dolibois

L- 4573 Differdange, Luxemburg (virum Portal 1, der Haaptentrée zum ArcelorMittal-Stolwierk)