D’Kollektioun “The Family of Man” setzt sech aus 503 Fotoen vun 273 Auteuren aus 68 Länner zesummen, déi den amerikanesche Fotograf mat Lëtzebuerger Originnen Edward Steichen fir de Museum of Modern Art vun New York (MoMA) zesumme gedroen huet. D’Ausstellung, déi 1955 fir d’éischt presentéiert gouf, ass als Manifest geduecht fir de Fridden an déi fundamental Gläichheet vun de Mënschen duerch d’Lëns vun der humanistescher Fotografie an der Nokrichswelt. No enger Weltrees duerch méi wéi 160 Muséeën uechter d’ganz Welt gouf déi läscht integral Versioun vun der Ausstellung 1994 permanent am Schlass vu Clierf installéiert. Zanter hirer Schafung huet “The Family of Man” méi wéi 10 Milliounen Visiteuren ugezunn a geet domat als legendär Ausstellung an d’Geschicht vun der Fotografie an. Säit 2003 gehéiert si zu den Dokumenter, déi am Regëster “Mémoire du Monde” vun der UNESCO agedroe sinn. De CNA huet elo e speziellt Heft entwéckelt, fir Kanner ze hëllefen, d’Ausstellung op eng spilleresch an ofwiesslungsräich Aart a Weis ze entdecken.
Informatiounen fir d’Elteren:
- Wou fannen ech d’Ausstellung? D’Expo “The Family of Man” ass am Clierfer Schlass, L-9701 Clervaux. Si steet ënnert der Responsabilitéit vum Centre National de l’Audiovisuel (CNA). Kontakt: Tel.: +352 92 96 57. E-Mail:fom@cna.etat.lu. Web: www.steichencollections-cna.lu
- Ëffnungszäiten: D’Expo ass op vu Mëttwochs bis Sonndes vun 12.00 bis 18.00. Si bleift Méindes an Dënschdes zou, ausser d’Feierdeeg. Vum 25. Dezember bis zum 28. Februar ass si ganz zou. Entréestarifer: Vollen Tarif : 6 euros, Reduzéierten Tarif: 4 euros. Gratis-Entrée bis 21 Joer a fir Kulturpass-Abonnenten.
- Wat kann ee soss nach zu Clierf ënnerhuelen? D’Clierfer Schlass proposéiert och e Musée vun de Maquetten vun de Schlässer a Buergen zu Lëtzebuerg. A Clierf a ronderëm Clierf ginn et schéin Trëppeltier. Um Camping gëtt et e Mini-Golf mat 18 Lächer, den dat ganzt Joer iwwer bespillt ka ginn. Méi Informatiounen: www.visit-clervaux.lu