D’Sammlung “The Family of Man” ass weltberümt an ass en Deel vun de Steichen Collections vum Diddelenger CNA. Elo ass et méiglech, dës legendär Fotos-Sammlung nei ze entdecke mat Hëllef vun enger neier pedagogescher Online-Plattform. Op dësem Site ginn et eng Hellewull Aktivitéite fir Kanner bei deenen déi jonk Visiteuren op de Gebrauch vun de Medien an de Biller en général sensibiliséiert ginn. “E Graffiti fir de Fridden”, “Ech bastelen e Flipbook” oder “Eng Foto nostellen” sinn nëmmen e puer Beispiller vun Aktivitéiten, déi hei präsentéiert ginn.

“The Family of Man”: Dem Edward Steichen seng Sammlung ass Deel vun der UNESCO-Lëscht “Mémoire du Monde” a besteet aus 503 Fotoe vun 273 Fotografen aus 68 Länner. Si gouf fir d’éischt 1955 zu New York am MoMa (Museum of Modern Art) ausgestallt. Nieft der neier virtueller Plattform kann een natierlech och nach ëmmer d’Sammlung zu Klierf bestaunen.

Weider Informatiounen:

Centre National de l’Audiovisuel

1b rue du Centenaire

L-3475 Dudelange

 

The Family of Man

Ausstellung zu Klierf

Château de Clervaux 
L-9701 Clervaux