Éischt Spueren vun enger Buerg zu Useldeng fënnt een an Texter aus dem 12. Joerhonnert. Déi imposant Festung war ab den 1920er a Besëtz vun enger Damm, déi zu Useldeng gebuere, mee an d’USA ausgewandert war. Si huet eng Villa um Site baue gelooss, an der haut d’Märei hire Sëtz huet. Virun e puer Joren gouf an Zesummenaarbecht mat der UNESCO en didaktesche Wee ugeluecht, dee besonnesch fir Mënsche mat Séibehënnerung konzipéiert gouf. Dofir fënnt een op deene verschidde Statiounen am Tuerm vun der Buerg zum Beispill och Ausstellungsstécker fir unzepaaken. An engem Raum ënnert der Buerg fënnt een iwwregens vill Informationen iwwer d’Hexeverfolgungen.  

Informatiounen fir d’Elteren  

  • D’Buerg vun Useldeng ass net ze verfeelen, si läit am Zentrum vum Duerf, direkt un der Atert. Hei fänken och zwee flott Trëppeltier un.
  • D’Stéck vum Rondgank duerch den Tuerm ass net fir Poussetten accessibel an et si vill Trapen ze goen, bis een uewen op den Tuerm kënnt, vu wou aus ee wäit an d’Land era ka kucken.
  • Visit Guttland organiséiert reegelméisseg Touren an der Buerg, déi och speziell fir Kanner ausgeluecht sinn. Et kann een awer och Gruppeféierunge buchen – op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch. De Präis läit hei bei ronn 75 Euro. Gebucht ginn kann hei: Visit Guttland, 2, rue de l’Eglise, L-8706 Useldange, Tel.: +352 28 22 78 62. Mail: info@visitguttland.lu. Web: www.visitatertwark.lu