Fir déi zweet Editioun vum Urban History Festival invitéiert de Lëtzebuerg City Museum an de Quartier Pafendall. Dëse Quartier vun der Haaptstad huet eng Geschicht, déi sech iwwer all Zäitalter streckt. Entdeckt déi al a modern Geschicht vun dësem Quartier duerch en diversifizéierte Programm vu geféierte Visitten, Animatiounen, Mini-Ausstellungen, Spektakelen a Concerten an natierlech eng variéiert gastronomesch Offer. Profitéiert vun der Geleeënheet a maacht Ären eegene Moschter op der Muerbelsmillen, gitt eran an déi al Festungsanlagen a maacht beim Geocaching mat.

Méi Informatiounen

  • De Festival fënnt Samschdes den 18. Juni a Sonndes den 19. Juni statt, vun 10.00 bis 18.00.
  • Den Entrée ass gratis.