Zu Käerch op der “Fockemillen” op der Strooss a Richtung Simmer steet säit iwwer 110 Joer en Haus, dat eigentlech keent ass: hei ass nämlech e Waasserwierk vum Syndicat des Eaux du Sud, wou d’Waasser aus de Quellen am Äischdall zesumme leeft an un 22 Gemengen am Süden vum Land verdeelt gëtt. D’Pompelstatioun op der “Fockemillen” kann ee besiche goen, awer och dee grousse Waasserreservoir um Rébierg bei Héiweng. Wee wëll wëssen, wéi d’Waasser vun der Quell bei de Krunn kënnt, gëtt hei alles gewuer!
Informatiounen fir d’Elteren:
- Déi komplett Visitt vun den Anlagen (Waasserwierk Fockemillen & Reservoir Rébierg) dauert ongeféier 2 Stonnen 30.
- Visitte vu Quellen sinn an dësem Moment net méiglech. Méi Informatiounen an Umeldung hei.