Eng ganz faarweg Weltrees duerch d’Ozeaner an d’Flëss kann een am Aquarium zu Waasserbëlleg ënnerhuelen. An de 15 Waasserbecken vun 300 bis 40.000 Liter schwammen honnerte Fësch vu 45 verschidden Zorten an Environnementer, déi hire natierleche Liewensraum ofbilden. Wann een déi richteg Zäit erwëscht, kann ee souguer nokucken, wéi si gefiddert ginn.  

Informatiounen fir d’Elteren:

  • Den Aquarium fënnt een am Centre de loisirs Wasserbillig, rue des Pépinères/Promenade de la Sûre, L-6645 Wasserbillig. Tél: (+352) 26 74 02 37. E-mail: aquarium@cig.lu. Vum 1. Oktober bis Ouschteren ass den Aquarium Freides, Samschdes a Sonndes vun 10.00 bis 17.00 op – am Dezember a Januar ass e ganz zou. Vun Ouschteren bis den 30. September all Dag vun 10.00 bis 18.00.
  • Den Entréestarif ass 1,5 Euro fir Kanner bis 12 Joer an 3 Euro fir Visiteuren ab 12 Joer. Schoulklassen kënne sech umellen.
  • Reservéieren kann een net. Do muss een da säin Tour ofwaarden. Well wéinst Covid ass d’Unzuel vun de Leit, déi kënnen op eemol am Aquarium sinn, limitéiert. Hei besteet Maskeflicht. Desinfektiounsmëttel fënnt een op der Plaz.
  • Nieft dem Centre de loisirs gëtt et eng Spillplaz.