Den 1. an 2. Juli daucht an eng onvergiesslech Ambiance am Häerz vum Industrieierwen a loosst iech verzauberen an iwwerraschen vu super kënschtlereschen Performancen. Nieft de Concerten an de Spektakele fir Erwuessener ginn och d’Kanner verwinnt : e Spillberäich waart op si, eng aussergewéinlech musikalesch Installatioun, ferngesteiert Schëffer an de Bassinen, Liesatelieren a wëssenschaftlech Experimenter.
Méi Informatiounen
- Kuckt um Website www.fonds-belval.lu