Mat dem neien Topoguide „40 Joer – 40 Reserven – 40 Weeër“ presentéiert d’„Fondation Hëllef fir d’Natur“ 40 Wanderpied. Vun den Éisleker Plateauen bis zu de Landschafte vun der Musel ass et eng schéin Invitatioun, fir de Räichtum an d’Diversitéit vun der Flora, der Fauna an den natierlechen Ëmfelder ze entdecken, duerch déi et geet. Den neien Topoguide ass fir de Wanderer en duebelen Virdeel. Et kann een e wéi e klasseschen Wanderguide benotzen mat alle prakteschen Informatiounen, déi ee sech erwaart: Beschreiwung vun de 40 Weeër, Visualiséierung vun der Streck op der topographescher Kaart, Zougang, Distanz, Héichtemeter, Dauer vun der Wanderung, Schwieregkeetsgraden. Doriwwer eraus handelt et sech ëm ee richtege Guide fir den natierleche Räichtum vun den Naturreservater ze entdecken.

Méi Informatiounen

  • Den Topoguide kritt een an allen Ernster-Librairien a vill aner Librairien zu Lëtzebuerg, mee och an de Cactus-Supermarchéen an am Shop vun natur&ëmwelt op der Kockelscheier.
  • Hei kann een e bestellen: „Fondation Hëllef fir d’Natur“, 5, route de Luxembourg L-1899 Kockelscheuer. Tel: 29 04 04 315. E-mail : shop.nature@naturemwelt.lu