Kanner ab 6 Joer kënnen den 20. Juli vun 10.00 bis 12.00 e spannend Abenteuer am Naturpark Öewersauer erliewen. Fir dës Wanderung kréie si „Entdecker-Westen“ a ginn zum selbststännege Fuerschen an Entdecken vun der Natur ugereegt.
Weider Informatiounen
- D’Participatioun ass gratis, mee mellt iech w.e.g. un. E-mail: info@naturpark-sure.lu, Tel: +352 899331 1.
- Treffpunkt ass bei der Misärsbréck un der Strooss CR309 bei Ueschdref.