Et gëtt dëst Joer en neit Konzept fir d’Wasserfest am Naturpark Oëwersauer, e Konzept, dat den ëffentlechen Transport fërdere soll. Am Virdergrond steet hei de Stauséi-Shuttler (Buslinn 690), den a béid Richtungen ronderëm de Stauséi verkéiert. Mat dësem Bus kënnt Dir bequem all Plaze ronderëm de Séi besichen an u verschiddenen Aktivitéiten deelhuelen. An alle Membersgemenge vum Naturpark Oëwersauer gi Programmpunkten ugebueden.

Beim Waasserfest dëst Joer ginn et dräi Haptplazen, op deenen ënnerschiddlech Aktivitéiten ugebuede ginn a doriwwer eraus och fir Iessen a Gedrénks gesuergt gëtt: Esch-Sauer, Bauschelt a Béiwen. Virgesi sinn Aktivitéiten mat oder ouni Umeldung, souwéi eng Waasser-Rallye, déi een aleng oder am Team maache kann.

Weider Informatiounen

  • Net manner wéi 16 Aktivitéiten stinn um Programm. Dat fënnt een hei