Äppel plécken, Äppelproduiten kafen an natierlech schmaachen: zu Steesel ass den Apel erëm Kinnek de 24. a 25. September, den 1. an 2. Oktober an den 8. an 9. Oktober, wann d’Uebstbaugenossenschaft Steesel erëm hier Äppelfester feiert. Op 12 Hektar produzéiert d’Genossenschaft 14 verschidden Zorten Äppel, 4 Zorte Bieren an 2 Zorte Quetschen.

Weider Informatiounen

  • D’Äppelfester dauere vun 10.00 bis 18.00.
  • Méi Informatiounen iwwer „Les Vergers de Steinsel“ gëtt et um Facebook.