De natur musée a seng Partner invitéieren all Biergerinnen a Bierger, dorun deelzehuelen. De City Nature Challenge fënnt tëschenzäitlech a méi wéi 400 Regiounen op 6 Kontinenter statt. Vum Freideg 29. Abrëll 00h01 un fir all Zäitzon leeft den Challenge bis de Méindeg 2. Mee um 23h59.

Dës global international Manifestatioun, déi ko-organiséiert gëtt vun der California Academy of Sciences zu San Francisco an dem Natural History Museum du County vu Los Angeles appelléiert un all Passionéiert vun der Natur an de Wëssenschaften an u Persounen vun all Alter an all Educatiounsniveau d’Natur ze observéieren a Fotoen vu wëll Planzen, Déieren a Champignone mat der Hëllef vun der iNaturalist-App eran ze reechen.

Vum Freideg de 29. Abrëll bis Méindes den 2. Mee kënnen d’Participanten hir Observatiounen iwwer d’App eroplueden. D’Identifizéierungen lafen vun Dënschdes den 3. Mee bis Sonndes den 8. Mee. D’definitif Resultater ginn de Méindeg 9. Mee annoncéiert.

Méi Informatioune ginn et hei.