Am Häerz vun den Ardennen läit Wolz, eng Stad, déi ënner anerem duerch hiert Gënzefest um Päischtméindeg bekannt ass (leider fällt et och 2021 Covid-19-bedengt erëm aus). En Ausfluch heihinn lount sech op jidde Fall, et gëtt vill ze entdecken ronderëm dat schéint Schlass.
Vill Wanderweeër zum Beispill. Méi hei. Oder de “Jardin de Wiltz”. Planzen, Terrassen, Waasser, Skulpturen, Weeër a Stengfelder bilden e liewegt Konschtwierk, dat ronn 2,5 Hektar grouss ass a gemeinsam mat Mënsche mat Behënnerung, Participante un temporäre Projeten, Handwierker a Kënschter ugeluegt an ënnerhale gëtt.
Informatioune fir Eltern:
- De Jardin de Wiltz fënnt een op 8 Gruberbeerig, L-9538 Wiltz
- En ass d’ganz Joer duerch op.
- Féierunge kënne beim Tourist Office Wolz ugefrot ginn. Tel.: (+352) 95 74 44.Web: www.touristinfowiltz.lu. Sie dauere ronn eng Stonn.