De Léierpad féiert mat vill Ofwiesselung iwwert Wisen a Felder tëscht den Uertschafte Waldbëlleg a Chrëschtnech. An sou enger Landschaft spille Beien eng wichteg Roll. Op 6 Panneauen, déi laanscht de Wee stinn, gitt dir méi genee gewuer. Beispillsweis wéi e Beivollek organiséiert ass. Oder wat et mat der Bestäubung op sech huet a wat d’Beie produzéieren. Oder och nach, wat d’Roll vun engem Beienziichter ass. 

Informatioune fir Elteren: 

  • De Beiewee kann ee mat enger Kannerkutsch maachen, och wann hie plazeweis iwwer Feldweeër féiert. Passt just op, wann dir iwwert eng Strooss musst goen.  
  • Et geet lass (an dir land herno nees) bei der Grondschoul zu Waldbëlleg (chemin de Savelborn). Déi nooste Parkplaze si bei der Maison-Relais (op 40 m). De Bus hält bei der Märei (op 400 m). 
  • Weider Detailer fannt dir um Site vum ORT Mëllerdall: 

www.mullerthal.lu/de/fiche/walking/bienenlehrpfad-zwischen