Um “Burfelt” bei Ënsber huet d’Natur- a Forstverwaltung op engem Haff aus dem 18. Joerhonnert e Bëschentdeckungszenter ageriicht. Interaktiv Elementer maachen et hei méiglech, d’Natur selbstänneg an aktiv ze entdecken. Ausserdeem kann een dee heemesch Flora a Fauna op engem Erliefnespad kenne léieren.
Informatiounen fir d’Elteren:
- De Bëschentdeckungszenter läit e bëssen aus de Féiss um Oëwersauerstau, westlech vun Ënsber. Et dauert ronn 20 Minutten fir dohinner ze trëppelen. Dohinner kënnt een iwwer d’N27, Ënsber, Richtung Ueschdref. Op ass den Zenter vu méindes bis freides vun 8.00 bis 17.00.
- De Naturléierpad vu ronn 7 Kilometer féiert laanscht de Burfelt-Zenter. D’Broschür zum Pad gëtt et hei.
- Immens ass d’Aussiicht vun der Panoramaplattform “Belvédère”, déi direkt beim Bëschentdeckungszenter läit. Vun hei aus hutt dir e wonnerbaren Ausbléck op de Stauséi.