An engem ofgegrenzte Gebitt am Bësch gi kleng Këschten verstoppt. An all Këscht ass eng interessant Saach déi ee fille muss (de Kapp vun enger Dëschtel, Buchecker, Moos, Schuel…). D’Kanner sichen d’Këschten, maachen se op an ertaaschte virsiichteg an opmierksam den Inhalt, den hinnen da vun Erwuessenen erkläert gëtt. Et kann een dat Spill nach e wéineg méi schwéier maachen, wann een de Kanner d’Ae verbënnt, ier d’Këschten opgemaach ginn. Si ertaaschten den Inhalt dann a roden wat et ass.

Quell: SNJ