Munneref ass virun allem bekannt fir seng Thermalquellen. Mee den “Domaine Thermal” huet och e wonnerbare Park vu 45 Hektar, an dem een erhuelsam Stonne genéisse kann.  De Park, dee schonns säit ronn 160 Joer besteet, bitt eng grouss Planzevillfalt. Zwou Haaptbléizäite loosse sech hei genéissen: eng am Fréijoer, wann iwwer 70.000 Tulpen a ville Faarwe liichten, an eng am Summer, wann d’Wisen mat wonnerschéine Summerblumme geschméckt sinn. Ausserdeem gëtt e Rousegaart vu ronn 15.000 m2 mat méi wéi 250 suergfälteg ausgewielte Rousenzorten.

Mee am Park vum “Domaine Thermal” kann een och eineges ënnerhuelen. Beim “Chalet am Brill” fënnt een eng grouss Spillplaz. Hei gëtt et och eng “Easy Golf”-Anlag mat engem Parcours mat 18 Lächer, dee sech harmonesch an d’Parkanlag afüügt.

A soubal d’Deeg e bësse méi sonneg ginn, stellt de Syndicat d’Initiative vu Mondorf op der Gander Rudderbooter a Pedaloën fir all Fräizäitkapitänen zur Verfügung, déi de Grenzfloss tëscht Frankräich a Lëtzebuerg entdecke wëllen.

Informatioune fir Elteren:  

  • Den “Domaine Thermal” vu Munneref fënnt een hei: Avenue des Bains, L5610 Mondorf-les-Bains. Et gëtt eng grouss Parkplaz ganz nobäi.   
  • Méi Infoe iwwer de Park, an dem et iwwregens och e Fligereimusée an e Kino gëtt, an iwwer aner kuckenswäert Saachen zu Munnerëf: www.mondorf.lu an www.visitmondorf.lu