Den Déierepark am Park vum „Gaalgebierg“ ass e Magnéit fir Kanner. Am Déierepark, déi och e pedagogesche Bauerenhaff integréiert, kënne si ronn 150 Déieren vu 25 Aarten entdecken. Et ass méiglech, verschiddener ze heemelen, mee sech och aktiv ëm si ze këmmeren. An dem Sënn organiséiert de Park Aktivitéiten, wou een Déierefleeger fir een Dag ka sinn (Präis: 25 Euro). D’Kanner këmmeren sech dann tëschent 10.00 à 15.00 ëm Déieren a gi ganz vill iwwer si gewuer. En anert Format, dat méi kuerz ass, sinn d’„Nomëtteger mat Déieren“ (Präis: 15 Euro). An da ginn et nach reegelméisseg Presentatioune vun Déieren vun 10.00 bis 10.30 (Gratis). Déi nächst Aktivitéiten sinn de 24., 25. a 26. August.

Méi Informatiounen

  • De Kalenner vun den. Aktivitéiten fënnt een hei.  
  • D’Plaze si limitéiert an et muss ee sech per E-Mail deierepark@villesch.lu oder per Telefon aschreiwen : 27543752.