D’Fliedermaus huet et net einfach. Laang Zäit als Bluttsëffer gefaart, sinn aktuell hire Liewensraum an hier Nahrungsquellen a Gefor. Mat Hëllef vum „Bat-Detektor“ geet eng Grupp de 25. Juni Owes op d’Sich no den Déieren an et gi Geschichten iwwer d’Fliedermaus erzielt.
Weider Informatiounen
- D’Oweswanderung geet vun 20.30 bis 22.15. Treffpunkt ass d’Kierch zu Wilwerdang.
- Präis: 5 Euro fir Kanner an 10 Euro fir Erwuessener.
- Umeldung: +352 90 81 88 1 oder ouriteam@naturpark-our.lu