Fréier ass hei eng Eisebunnslinn passéiert, déi den Norde vu Lëtzebuerg mat der däitscher Stad Oochen verbonnen huet. An den 1960er war den Eisebunnsbetrib eriwwer, et ass roueg ginn op der Streck, déi mëttlerweil zu engem schéine Vëloswee (der Vennbahn-Route) ëmfunktionéiert gouf. D’Bauwierker op der Eisebunn si gréisstendeels der Natur iwwerlooss ginn. Sou koum et, dass sech an den Tunnellen op der Streck och Fliedermais ugesidelt hunn.
Fir de Visiteuren déi besonnesch Geschicht vun dësem fréieren Eisebunnstunnel a vu sengen neie Bewunner méi no ze bréngen, ass am Joer 2015 den Erliefnespad “Fliedermaustunnel Huldang” ageriicht ginn. E läit um Vennbahnvëloswee op denen zwou Säiten vum fréieren Eisebunnstunnel no bäi Huldang. Den Erliefnespad besteet aus zwee identeschen Deeler a kann entweder vun der lëtzebuerger oder der belscher Säit aus vum vum Vennbahnvëloswee erreecht ginn. Infopanneauen, Lauschterstatiounen an interaktiv Multimediaseilen informéieren d’Visiteuren op der Plaz iwwer dee längsten Eisebunnstunnel vu Lëtzebuerg a seng Fliedermais.
Véier didaktesch Schëlder, eng Audiostatioun an eng interaktiv Info-Statioun sinn op all Deelstéck ze fannen. De Contenu ass op deenen zwou Säiten d’selwecht, an esou geet et duer, eng vun deenen zou Strecken ze entdecken. D’Spadséiergänger kënne sech op de Bänken oder de Picknickplazen ausrouen, ier si erëm zréckginn. Fir dass déi sensibel Fliedermais net gestéiert ginn, ass den Tunnel leider net zougänglech.

Méi Informatiounen

  • Vun der Gare vun Ëlwen (Troisvierges) aus, ass de Wanderwee iwwert d’Vennbahn ze erreechen.
  • De Fliedermaus-Léierpad befënnt sech op den zwou Säiten vum fréieren Eisebunnstunnel vun Huldang a besteet aus zwee Deelstécker: de südlechen Deel fänkt op der lëtzebuergescher Säit un, un der Ofzweigung vun der Vennbahn no beim fréieren Kontrollerhaischen an geet bis bei de südlechen Agank vum Tunnel. Dësen Abschnitt ass ongeféiert 900 Meter laang. Den nërdlechen Deel fänkt un der Ofzweigung op belscher Säit un a geet bis bei den nërdlechen Agank. Dëst Deelstéck ass ronn 1.000 Meter laang.
  • Alles zum Fliedermauswee a souguer eng Live-Iwwerdroung fënnt een hei
  • An hei geet et op d’Websäit zum Vennbahn-Vëloswee.