Géigeniwwer vum Klouschter am Märjendall gesitt der eng ronn 30 Meter héich Fielswand. Do ass och ee vereenzelt stoende Fiels, dee bekannt ass ënnert dem Numm Reiterlay. Ënnert dësem Numm verstoppt sech folgend So: Den eedele Ritter vum Huelmesser Schlass hat sech während enger Verfolgungsjuegd vu sengen Zaldoten ofgeschnidden an ass vun Feinden emrengt ginn, déi hien ëmmer méi Richtung Fielswand op der rietser Säit vun der Äisch gedréckt hunn, esou datt en den Doud virun Aen hat: hannert sech Feinden a virun sech een déiwen Ofgrond!

An dëser Nout huet de Ritter dunn décidéiert de Sprong an Déift ze woen a mécht ee Gelübde: „Ech spenden esouvill Pond Wuesskerzen dem Klouschter Märjendall ewéi ech a voller Rüstung a mam Päerd wéien. Falls ech dat Ganzt hei iwwerliewe sollt”.

Séier dréckt de Ritter Sporen an Weichen, setzt op der Reiterlay op a sprengt erof an Déift. Ënnen ukomm geet Päerd bis bei Knéien an den Bulli an, huet sech awer ganz schnell erëm erausgerappt a leeft séier am Galopp weider. Eng anerer Legend seet datt de Ritter an Päerd ganz duuss um Buedem landen, ouni datt och nëmmen een eng Schréips krut. De Ritter bedankt sech bei Gott fir des wonnerbar Rettung a geet an d’Klouschter, fir sech do weien ze loossen.

Net wäit vum Märjendall ewech leien d’Schlässer vun Huelmes an Aansebuerg mat senge flotte Gäert, d’Schlass vu Schëndels an den Hunnebuer. Dës Plaz heescht esou, well hei de Kinnek vun den Hunnen, den Attila, am 5. Joerhonnert soll op sengem Zuch duerch Westeuropa hei Paus gemaach hunn fir seng Päerd drénken ze loossen.

Informatiounen fir d’Elteren:

  • Den Hunnebuer ass vu Miersch aus iwwer den CR105 ze erreechen. Et si vu Miersch aus ronn 9 Kilometer zu Fouss, mee et ginn och Parkplazen an der Géigend, ronn 700 Meter vun der Plaz ewech. De Wee ass fir Kannerkutschen a Rolleren gëeegent. Vum Hunnebuer aus starten dräi Ronnweeër vun 1,5 bis 5 Kilometer Länkt.
  • Am Bierg iwwer Schëndels, net wäit vum Claushaff, leien d’Mamerleeeën, e System vun Hielen an Stollen, aus deene fréier Millesteng gebrach gi sinn. Op verschidde Plaze kann een hei era gon. Fir all d’Tier an der Géigend si fest Schong wichteg. An och eng Täscheluucht fir d’Mamerleeën ze besichen. Hei heescht et oppassen, well nieft dem Wee laanscht d’Grotten geet et steil erof.
  • Méi Informatiounen: Iwwer de Märjendall an iwwer d’Mamerleeën. Den Autopédestre Schëndels féiert laanscht d’Grotten an op d’Héichten iwwer de Märjendall.

Quell: SNJ