Am Haus vun der Natur op der Kockelscheier fannen d’Visiteuren den 18. Juni vu 14.00 bis 18.00 an den 19. Juni vun 10.00 bis 18.00 vill Aktivitéiten fir d’ganz Famill : Schmattvirféierungen, Beienziichterei a Schofsschuer gehéieren zu den Héichpunkten. Natierlech kënnen d’Déiere vum Bauerenhaff ënner Opsiicht besicht a gefiddert ginn. Op iwwer 50 themateschen Verkafs- an Informatiounsstänn ginn doriwwer eraus Naturproduiten, biologesch Liewesmëttel a lokal Wueren ugebueden. E Spillberäich an Aktivitéite fir Kanner stinn och um Programm.

Weider Informatiounen

  • Den Entrée zum Fest vun der Natur, dat vun natur&ëmwelt organiséiert gëtt, kascht 2 Euro. D’Recette si fir d’Beméiunge vum Veräin fir d’Erhalung vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg bestëmmt.