Dëst Joer ass nees e “Vëlosummer” organiséiert. Et ass déi drëtt Editioun an si huet eng Gesamtlängt vu 500 Kilometer, déi ee queesch duerch Land féieren. Dat ganzt ass an 11 verschidden Tier opgedeelt, fir sou vill wei méiglech vu Lëtzebuerg ze gesinn. D’Weeër si mat Schëlder gekennzeechent. D’Strecke sinn eng Mëschung aus Bësch, Feldweeër an ëffentleche Stroossen, alles op gefestegten Weeër. 120 Kilometer vun dësen ëffentlechen Stroossen sinn am Kader vun dësem Evenement fir den allgemengen Trafic zou, sou datt just Vëlosfuerer des Stroossen benotzen dierfen. Nieft deene verschidde Piste si Restauranten, Hotellen an touristesch Attraktiounen ze fannen. All des Plazen sinn op enger Kaart agezeechent. Zousätzlech gëtt et de Service “Move we carry”, dee Gepäck vun enger Plaz op déi aner bréngt, sou datt d’Vëlosfuerer hier Saachen net wärend hirem Tour mat sech schleefe mussen. Falls en ënnerwee an engem vun den Hotellen well iwwernuechten, da sollt een am beschten en Hotel huelen, dat de Service “bed+bike” ubitt. Des Hotelle bidden d’Méiglechkeet un, d’Vëloen an engem ofgespaarte Raum ënnerzebréngen. Falls ee kee Vëlo huet, awer trotzdeem Intressi, kann ee sech och de Vëlo ausléine mam Service “Rent a bike”.

E puer flott Touren dësen an nächste Weekend:

Tour G1: VëloViaNorden

  • Wéini? 6.-7. August & 13.-15. August.
  • Wou? Op der Gare zu Ëlwen oder Clierf. 
  • Wéi laang? 2:50 Stonnen; 35,98 Kilometer. 
  • Fir den Detail vun der Streck kuckt hei

Tour H: Regioun Mëllerdall 

  • Wéini? 6.-7. August & 20.-21. August. 
  • Wou? P&R Jonglënster / P&R Nonnemillen Iechternacher See. 
  • Wéi laang? 3:35 Stonnen; 46,85 Kilometer. 
  • Fir den Detail vun der Streck kuckt hei