„L’esprit Shizen – La nature du Japon à travers ses 72 saisons“ ass den Titel vun der neier temporärer Ausstellung am „Musée national d’histoire naturelle de Luxembourg“ am Gronn. Entdeckt ab dem 1. Juli en transdiszplinäre Projet mat Fotoen, kuerz Essayen, Gedichter, Objeten a kuerz gefilmte Sequenzen, déi eng ganz spezifesch Sensibilitéit fir d’Ännerunge vun de Saisonen schafen. Eelef Atelieren begleeden dës aussergewéinlech Ausstellung, déi den 28. August op en Enn geet.

Méi Informatiounen

  • E Besuch am naturmusée lount sech ëmmer: och déi permanent Ausstellunge sinn eng Minn vun Informatiounen an eng Geleeënheet fir sech ze ameséieren fir Grouss a Kleng.
  • Besicht de Site www.naturmusee.lu