Et ass eng vun den dräi Plazen am Land, wou dräi Lännergrenzen unenee stoussen: Schengen, deem säin Numm zanter der Ënnerzeechnung vum Europäesche Vertrag hei de 14. Juni 1985 fir en Europa vun den oppene Grenze steet. D’Géigend ëm dat charmant Wënzerduerf bitt awer och eng Rëtsch flott Wanderweeër. Wäit iwwer d’Grenzen eraus bekannt ass d’”Traumschleife – Schengen grenzenlos”, déi iwwer ronn 8 Kilometer vu Schengen op Contz-les-Bains (a Frankräich) a nees zréck féiert.
Wee net sou wäit wandere wëll a mat klenge Kanner ënnerwee ass, kann sech op de Léierpad “Stroumbierg” beginn, den 2005 ugeluecht gouf a ganz léierräich iwwer Natur, Kultur, Geologie a Landwirtschaft informéiert. Déi alles an allem ronn 4,5 Kilometer laang Tour, déi herrlech Aussiichte bitt, ass an zwou Schläifen opgedeelt. Déi nërdlech Schläif féiert iwwer ronn 2 km duerch d’Wäibaugebitt “Markusbierg” mat dem markanten Tuerm an ass liicht ze goen, och mat enger Poussette. Hei steet de Wäibau am Mëttelpunkt.
Déi südlech Schläif féiert duerch d’Naturschutzgebitt “Stroumbierg” an ass scho méi sportlech, well hei e puer géi Trapen ze bewältege sinn. Mat Poussette ass dat net ze maachen. Am Naturschutzgebitt sti verschidden Aspekter vum Naturschutz, dee fréieren ënnerierdesche Gipsofbau souwéi geologesch a landschaftlech Besonneschkeeten am Virdergrond.
Informatiounen fir Visiteuren
- Alles Wëssenswäertes iwwer déi Léierpad gëtt et hei.
- Start an Arrivée vum Pad ass d’Grenzbréck zu Schengen. No der Tour bidde sech laanscht d’Musel Plaze fir ze raschten un an/oder eng Visitt am Europamusée, wou een sech op der Terrass och e kille Patt gënne kann. Méi zum Europamusée gëtt et hei.
- Wee mat der Famill d’Traumschleife maache wëll, fënnt hei all Detailer.