Déi Erwuesse verstoppen kleng Zwergefiguren am Bësch an déi kleng mussen se sichen. Sinn se fonnt, gëtt zesummen en Zwergenduerf gebaut, mat Material aus der Natur. Dat klengt Duerf kann een souguer beliichten. 

Informatioune fir d’Elteren: Am beschte keng Käerzen huelen fir d’Zwergenduerf ze beliichten, dat kann brandgeféierlech sinn. Kleng elektresch Luuchten sinn ideal.