Depart an Arrivée si bei der Maison de la nature op der Kockelscheier. Um Programm sti Leef ouni Chrono vu 5 an 10 Kilometer, e Walking-Tour vu 5 Kilometer, e Kids Naturlaf vun 1 Kilometer an Atelieren fir Kanner vu 6 Joer un. D’Aschreiwunge sinn op! Den Erléis geet komplett un d’Projeten vun natur&ëmwelt.

Méi Informatiounen

  • Adress: 5, route de Luxembourg, L1899 Kockelscheuer.
  • D’Aschreiwunge sinn op. Fir d’Leef an de Walking kascht et 10 Euro. Iwwerweisung op de Kont vun der natur&ëmwelt a.s.b.l. CCPLLU501111051131120000 (Naturlaf+Numm uginn). 15 Euro kascht et, wann ee sech den 1. Mee op der Plaz aschreift.
  • Départ vun de Leef ass um 10.45. Depart vum Walking ass um 10.25. D’Aschreiwung fir de Kids-Naturlaf ass gratis.
  • Mee et muss ee sech per E-Mail umellen: reservation@naturemwelt.lu Départ ass hei um 10.00. D’Atelieren fir Kanner ab 6 Joer si vun 10.00 bis 12.00.
  • Mam ëffentlechen Transport kënnt een mat der Buslinn 18 Kirchberg-Centre-Gare Gasperech dohinner (Arrêt Kockelscheuer Patinoire).