No dem grousse Succès vum Projet „Theaterplage“ säit sengem Lancement 2019 kënnt de Revitaliséierungs- an Animéierungsprojet vun der Place du Théâtre vu Freides den 8. Juli bis Sonndes den 11. September zréck. Hei fannt Dir ënner anerem eng grouss Sandkëscht vun 350 m2 mat Ligestill a Sonnepräbellien, eng Petanque-Pist, verschidde Planzen an eng faarweg Dekoratioun mat Fändelen a Lampionsketten. Zwee Chaleten déi Gedrénks ubidden, ginn och installéiert.

Méi Informatiounen

  • D’Theaterplage ass all Dag vun 11.00 bis 22.00 op.