Hei zu Stengefort hu fréier Héichuewe gedämpt, mee dat ass scho bal 100 Joer hir. Spueren vun der Stolindustrie fënnt een ower ëmmer nach um Mirador-Naturentdeckungspad. Startpunkt ass de Mirador. Vun dem Gebai aus ass fréier emol gesteiert ginn, wéi d’Héichiewen mat Äerz a Koks gespeist gi sinn. Haut ass en Naturschutzzenter hei dran, den eng ganz Rei vun Aktivitéiten iwwer d’Joer organiséiert. De Wee ass gutt markéiert mat charakteristesche Poteauën. En zitt sech insgesamt iwwer 13 Kilometer, zum Deel och duerch d’Belsch wou en bei d’Ruinen vum Klouschter Clairefontaine féiert, do, wou d’Ermesinde, d’Grënnerin vum Herzogtum Lëtzebuerg, begruewen ass. Ofkierzunge sinn awer zu all Moment méiglech, et stéisst een ëmmer erëm op d’Attert-Vëlospist (PCR 12 – Colmer-Péiteng). Déi Pist verleeft do, wou bis Enn der 1960er d’Zuchlinn Péiteng-Ettelbréck funktionéiert huet. Och den Industriesite Stengefort war dorun ugebonnen. An d’Schinne leien nach am Bësch, an dem et eng ganz besonnesch Ambiance gëtt. Hei begéint een heiansdo souguer Holzmonsteren….
Informatioune fir d’Elteren:
- Startpunkt ass den Naturschutzzenter Mirador, 1 Rue Collart, L8414 Stengefort.
- Den Naturschutzzenter bitt iwwer d’Joer eng ganz Rëtsch vun Aktivitéiten fir d’Natur ze entdecken. Hei fannt dir den aktuelle Programm.
- D’Féierungen sinn op maximal 9 Leit begrenzt an et muss een sech op jidde Fall umellen.
- Hei fannt dir d’Coordonnéeën vum Mirador-Zenter.
- Um Wee ginn et Panneauen mat verschiddenen historeschen an naturwëssenschaftlechen Erklärungen.
- Et stéisst een op Holzskulpturen am Bësch no beim Mirador.
- Zu Stengefort gëtt et och e Kloterpark.
D’Saison geet den 3. Abrëll nees lass. Onbedéngt umellen!
Wieder Informatiounen:www.steinfort-adventure.lu