Zesumme mat engem Guide wandere mir de 16. Oktober 2021 am schéinen Ourdall a ginn op d’Sich no der emblematescher éisleker Fruucht. Ënnerwee schmaache mir dann déi typesch Produiten, déi aus der Noss hiergestallt ginn. Eng gastronomesch Wanderung fir di ganz Famill vun ongeféier siwe Kilometer op mëttelschwéierem Terrain (leider net fir Kannerkutschen gëeegent). Et soll een fest Schong an zum Wieder passend Kleeder undoen a Waasser fir ënnerwee dobäi hunn. Et muss ee sech umellen an d’Plaze si limitéiert. Des Aktiviteit fënnt ënnert den aktuelle Covid-19 Bestëmmungen vun der Regierung statt.

  • Umeldung bei Visit Éislek
  • Tariffer:
    • 0 bis 2 Joer: gratis
    • 3 bis 16 Joer: 10€
    • Vu 17 Joer un: 18,50€
  • Mir treffen eis beim Touristeninformatiouns-Büro (1a, rue du Vieux Marché L-9419 Vianden)
  • Start: 10.30 Auer
  • Tel.: 83 42 57